mat enger Kitchenparty fir déi ganz Famill

Fir Fältesdag huet sech de Restaurant Windsor vu Bartreng nees eppes ganz flottes afaale gelooss, nämlech eng nei Editioun vun hirem Brunch Culinaire, e Sonnden, 15ten Februar 2015 mat enger Kitchen Party fir déi ganz Famill.

Als Entrée steet d’Ee an all senge Formen am Mëttelpunkt, dann gëtt et e groussen Valentinsdag Buffet, ier et dann an d’Kichen fir de Live Cooking geet, fir e gelongene Virmëtteg mat engem Dessertschariot ofzeschléissen.

Fir de musikaleschen Encadrement suergt de Fernand Neumann.

Verbrengt och dir een flotten Dag mat der ganzer Famill am Restaurant Windsor zu Bartreng, a reservéiert Är Platzen um 263993 an op www.windsor.lu.

Windsor. Restaurant, Traiteur, Evenementiel.