Hierstellung a Service op Mooss:                             
                            SELO
 
                    D‘Firma SELO erwaart Iech zu Diddeleng, op der Nummer 28 an der rue du commerce. Ënnert dem Motto „Ëmmer e Schratt viraus“ presentéiert de Betrib Fënsteren an Dieren aus däitscher Hierstellung.
Den däitsche Familljebetrib huet iwwer 100 Joer Erfahrung am Schräiner Handwierk an iwwer 45 Joer an der Hierstellung vu Fënsteren an Dieren.
Am Showroom fannt Dir op 150 m² Fënsteren an Dieren op Mooss, Rolllueden a Garagepaarten. Och d‘ Pose, den Entretien an d‘ Reparature gehéieren natierlech zum Service Après Vente.
SELO fannt Dir och op der Foire „My energy days“ mat der Standnummer 9B03 an op selo.lu
                            Am meeschte gelies
                    
    
         
                     
                     
                     
                    