Déi nei Fréijoers a Summerkollektioune sinn do - beim Bram
 
                    an der City Concorde
Bei den Dammen dominéieren hei d’Pastelltéin, also Apricot, hellblo oder hellgring, hellgro gëtt och gäer mat wäiss kombinéiert. Bei de Männer dierfen d’Faarwen awer och e bessi méi knalleg sinn.
Da soll d’Moud lässeg gedroe ginn, eng Blus oder een Top mat enger weiter Jacket drop, duerchsichteg dierf awer och dat Iewegt sinn, mat engem flotten Top drënner. Iwwerhaapt geet alles an d’Richtung, dass een sech e puer Deeler soll kaafen, an déi dann flott ennereraaner mateneen kombinéiere kann, sou kann een zum Beispill am Nu säi Rack vun am Dag, fir Owes emfonktionnéieren.
Bikerjacketen ginn och gäeren amplatz vun engem Paltong gedroen, Paltongen kënnen och méi relax aus Kotteng sinn, also sou Jogging – Like. Boxen gi vun enk bis fladdereg, an do dierfe mer och d’Joggpants vu leschtem Joer haalen, just dass elo d’Joggingräck nach dobäi kommen.
Bei de Männer dominéieren Hiermer a Pulloveren mat Muster, peppeg Paltongen déi relax iwwert en Jeans-Hierm ugedooe ginn, liicht Stilmeschungen déi awer gutt ausgesinn, an T-Shirten mat Print.
Entdeckt och dir déi nei Fréijoers a Summerkollektiounen elo beim Bram an op www.bram.lu.
 
                     
                     
                     
                    