Zanter iwwer 10 Joer bidd d'Firma Marco Zenner Iech nieft engem breede Produktportfolio, och moossgeschneidert Systemléisunge fir Privathaiser, Büroen an Industriegebaier.

Als äre kompetenten Uspriechpartner stinn si Iech mat Berodung a Konzepterstellung am Beräich Beliichtung, Secherheetstechnik, an innovativ Haussteierung zur Säit.

Och Multimediaverkabelungen, Multiroom- an Audio-Video Léisunge kënnen dobäi intelligent integréiert ginn.

Hir dynamesch Equipe leet grousse Wärt op eng perséinlech Berodung a ville Sproochen an ass Meindes bis Freides vun 8-12 a vun 13-17 Auer fir Iech do, och gären op Rendez-vous.

Besicht si och an hirem innovativen an eenzegaartegen, „Smarthouse & LED“ Showroom an der Zare Est zu Éilereng oder ënnert zenner.lu a smarthouse.lu