Straussefarm - bis op weideres lescht Porte Ouverte
 
                    grousst Straussefest mat tonne furri
De Weekend vum 9. + 10. Mee 2015 ass Porte Ouverte op der Straussefarm, awer leider bis op weideres déi lescht an deem Stil, well de Marcel Wildgen geet am Fréijoer 2016 an d’Pensioun, an dann iwwerhëllt een aaneren de Betrieb. Duerfir hutt dir de Weekend vum 9. + 10. Mee 2015 nach eng leschte Kéier d’Méiglechkeet fir op dat grousst Straussefest ze kommen, mat vill Spass fir déi ganz Famill mat Stänn, Workshoppen, Vistite Guidéen an tonne Furri mat Mambo Schinki, den Dëppegéisser a Fade to Gray
Schmaacht och déi vill gutt Saachen, déi aus Straussefleesch an Eer gemaach ginn, Eisekuchen, Straussinger an Hamburger.
Grouss Zelter sinn opgeriicht a virun allem dëst Joer wäert et secher eng Hänkesch ginn.
Déi leschte Porte Ouverte op der Straussefarm zu Fëlschdref.
de Samschden 9. a Sonnden 10. Mee 2015.
Kuckt och op www.straussefarm.lu.
 
                     
                     
                     
                    