excellent Biowäiner vum Dr. Jean-Luc Bohler

No Joeren, wou hien sech an der Medezin engagéiert huet, huet sech den Dr. Jean-Luc Bohler virun e puer Joer e weideren Liewensdram mat engem eegene Wäindomaine erfëllt.

Den Domaine de Cantaussel läit um Fouss vum Naturpark Haut-Languedoc, e puer Kilometer nördlech vu Siran, westlech um département de l’Hérault a proposéiert eis haut 5 excellent Cuvée’en, déi zanter leschtem Joer och biologesch certifiéiert sinn.

Wann dir interesséiert sitt fir méi iwwert d’Wäiner an den Domaine gewuer ze ginn, da reservéiert iech Dënstes, den 10. November. Rendezvous hei um 7 Auer am Restaurant Pulcinella zu Mamer.

Reservatiounen op jossamt@pt.lu, a méi Informatiounen och op www.cantaussel.fr.