Hobby- a Konschthandwierkermoart zu Déifferdang
Hobbydiff94, de Suporterclub vum Handball Redboys invitéiert eis elo dëse Freiden, Samschden a Sonnden 13., 14. a 15. November op hier 40ten Editioun vum Déifferdanger Hobby- a Konschthandwierkermoart.
Sitt och dir mat dobäi, an entdeckt flott handgemaachte Dekoratiouns- a Kaddosiddien fir d‘ Feierdeeg, päiffend Schneimännerscher a vill flott aaner Konschtwierker, an dat an Sportshal zu Uewerkuer a ronderem.
Méi wéi 140 Aussteller aus 5 Länner – Virféierungen – Schneeckegkeeten – Kanneratelieren an Infostänn vu Veräiner.
Hobby a Konschthandwierkermoart, dëse Freiden 13. November vu 17h00-21h00, Samschden 14. November vun 14h00-20h00 a Sonnden 15. November vun 10h00 – 18h00 Auer zu Uewerkuer.
Reservéiert Iech Äre Sonndesmenu op hobbydiff@handballredboys.lu a kuckt och op Facebook.