Dir braucht dréngend méi Plaz? Dir hutt nach eng ongenotzte Mansard oder dir plangt esouguer ganze Stack op äert Haus dropzebauen? Mir bauen iech är Mansard „Clef en Main“ aus. Ob en zousätzlecht Zëmmer, Kichen oder Buedzëmmer, mat enger gudder Planifikatioun loossen sech sämtlech Konzepter ëmsetzen.

Dofir komme mir bei iech op d’Plaz, kucken eis äre Projet un, an diskutéieren da mat iech déi verschidde Méiglechkeeten duerch.

Ëm d’Planifikatioun, déi administrativ Demarchen an d’Koordinatioun vun eise Corps de Metieren, bekëmmere mir eis vun A-Z.

Méi Informatioune fannt dir op www.dachausbau.lu