vum 28.-31. Januar an der Luxexpo

Vum 28ten bis den 31. Januar presentéieren d’Wënzer aus de Regioune Bordeaux an Aquitaine an der Luxexpo, déi elo schonns 11. Editioun vum Salon des Vignerons de Bordeaux et d‘Aquitaine.

Lass geet et Donneschtes um 15h00, wou dir, genee wéi och déi aaner 3 Deeg, an enger gemittlecher a familiärer Ambiance, excellent Wäiner kënnt entdecken an natierlech och schmaachen.

Mat hiere Produits du Terroir ass och fir d’léiwlecht Wuel gesuergt, an de Wäin kënnt dir um Salon och direkt kafen a mat Heem huelen.

E Must fir all Wäinamateur.

De Salon des Vignerons de Bordeaux et d’Aquitaine vum 28ten bis 31ten Januar an der Luxexpo. Kuckt och op www.luxexpo.lu.