De CIJ invitéiert de 4.Februar op hier national Foire aux Jobs étudiants, dat vun 12 bis 6 am Tramsschapp um Lampertsbierg.

Hei kënne jonk Leit direkt Kontakt mat Entreprisen ophuelen an natierlech allméiglech Informatiounen zum Thema "Schaffen" kréien.

Invitéiert sinn duerfir och all d‘Entreprisen déi un déi Jonk gleewen an hinne wëllen eng éischt professionell Experienz erméiglechen.

Dës Erfahrung bréngt net nëmmen deene Jonken eppes, ma och ëmgedréint, kann eng Firma nach vill vun der neier Generatioun léieren!

Dir sidd eng Entreprise a sicht Ären ideale Student? Da mellt Iech elo gratis fir d‘Foire aux Jobs étudiants un, op uptothejob.cij.lu oder per Telefon, mee opgepasst, d’Plaze si limitéiert!