Entdeckt och Dir de lokale Maart
Letz Go Local zu Ëttelbréck
flott an originell, de 5+6 Mäerz an der Däichhal
Loscht op Ettelbréck? Loscht lokal Saachen ze entdecken? Da kommt de Weekend vum 5/6 Mäerz op de lët'z go local Maart d‘ Däichhal!
Do fannt dir ronn 60 Stänn mat Design, Moud a Bijou'en, Iessen a Gedrénks, Bicher, Fleegeproduiten an allerlee Déngschtleeschtungen.
Bréngt roueg ären Honger an Duuscht mat; et gi vill lecker Saachen an ee lokale 'Food Village' mat Food Trucks a Bar.
Gratis Entrée, gratis Parking virun der Dier a gratis Atelier'en während dem ganze Weekend. Lët'z go local, de lokale Maart, 5. + 6. Mäerz an der Däichhal zu Ettelbréck vun 10h00 bis 18h00.
Weider Infoe fannt dir op Facebook an op www.letzgolocal.lu.
Am meeschte gelies