Explore Luxembourg
Kommt a besicht de Mini Grand-Duché op der Place d'Armes
Vakanz hei zu Lëtzebuerg. Wat gëtt et do alles ze entdecken? Wéini sinn déi grouss Eventer?
D’Offices Régionaux du Tourisme, d’Regioun Westen zesumme mam Luxembourg City Tourist Office invitéieren Iech elo e Freiden an e Samschden 25.+26. Mäerz 2016 op den „Explore Luxembourg“ op d’Place d’Armes.
Feiert och dir mat de Start an d’Touristesaison 2016, an entdeckt vill flott an nei touristesch Attraktiounen fir Famillen mat Kanner, Natur- a Sportbegeeschterter, Konscht- a Kulturamateuren, an dëst an enger 100 % lëtzebuergescher Ambiance.
Explore Luxembourg, mam Mini Grand-Duché op der Place d’Armes. Dëse Freide vun hallwer 12 bis 6 an e Samschden vun 10 bis 6.
Méi Infoen op www.lcto.lu.