Il Borraccio - elo op der Fréjoersfoire
Besicht och Dir de Cedric Meyer op der Fréijoersfoire um Stand 2A05
Mir ginn dës Woch bis op d’Fréijoersfoire lussen. Well genau do fanne mer de Cedric Meyer, deen hannert Il Borraccio stecht.
A mir schwätzen iwwert italienesche Wäin vun engem lëtzebuerger Wënzer. A wat fir e Wäin! Deen muss dir onbedingt emol probéieren, an och de Cedric Meyer selwer emol kennenléieren.
Zanter 2002 produzéiert hien herrleche Wäin an Olivenueleg zu San Gimignano an der Toskana. An déi stellt hien elo dës Woch op der Fréijoersfoire fir, um Stand 2A05.
Probéiert och dir säin héichwäertegen rouden a wäisse Wäin, esou wéi och Rosé an Olivenueleg, a schmaacht e Stéck Toskana. Il Borraccio. Op der Fréijoersfoire an der Hal 2A um Stand 05 an och op www.ilborraccio.com.