E Sonnden, 8. Mee 2016

Op der Heringer Millen am Mëllerdall ass elo e Sonnden, 8. Mee dat grousst Millefest mat Spill a Spaass fir d’ganz Famill.

Mat Ieselreiden, Monkey Tree, Stelzentheater, enger Maerchestonn, Intecourse, liewensgroussen Dinosaurier enger Wanderung um Mullerthal Trail bei den eelste Lëtzebuerger a villes méi.

Fir Grouss a Kleng gett hei de ganzen Dag iwwer eppes gebueden.

Losst Iech och kulinaresch an der Brasserie Heringer Millen vum Chef Lars Fiebig a senger Ekipp verwinnen.

Dat grousst Millefest am Mëllerdall. E Sonnden, 8. Mee vun 11 bis 6 Auer op der Heringer Millen. Mat fräiem Entrée.

Méi Informatiounen fannt dir op der Facebook Säit vum Touristcenter Heringer Millen.