E Samschden an e Sonnden ass nees déi grouss 24 Stonne Braderie, déi vum Beetebuerger Geschäftsverband organiséiert gëtt.

Fannt hei vill flott Saachen, vu Kleeder bis Planzen, an och nach e flotte Kaddo fir Mammendag.

Et geet scho Moies fréi lass, mat de ganzen Dag iwwer Animatioune fir Grouss a Kleng, an dat bis an den Owend eran, wou um Samschden Owend de Beetebuerger Nuetslaf iwwer 4 an 10 km un de Start geet.

Loosst et iech och bei de Veräiner an hire verschiddenen Iessstänn gutt schmaachen a verbréngt e flotten Dag zu Beetebuerg.

Op der grousser 24 Stonne Braderie. Parking bei der Gare a bei der Sportshal zu Beetebuerg.

Kuckt och op uacb.lu oder op Facebook.