Dëse Sonnden op Mammendag sidd Dir häerzlech op déi éischt Editioun vum Brunch Culinaire invitéiert, mat enger grousser Kitchen Party fir déi ganz Famill a Livemusek de ganzen Dag.

Feiert Mammendag an engem super Kader matten am Park, a profitéiert och vun hiren 2 groussen Terrassen an engem gratis Parking virun der Dir.

Nom groussen traditionelle Buffet geet et nees an d’Kiche fir de spektakuläre Live Cooking, deen net ze verpassen ass. Grad wéi den Dessertschariot, deen duerno den Ofschloss mécht.

Verbréngt Mammendag mat der ganzer Famill a der Brasserie-Bar B13 zu Bartreng, op Nummer 13 beim Schlass.

Reservéiert elo séier Är Platzen um 27324141, op Facebook an op b13.lu