Gutt Schong zu engem korrekte Präis. Dat ass d’Devise vu Seaside, d’Nummer 1 a Portugal, mat engen 100 Geschäfter.

Zanter 2013 fanne mer Seaside dann och 2 mol bei eis zu Lëtzebuerg. Eng Kéier um Mierscherbierg, an zanter 2014 mat engem weidere Geschäft am Belval Plaza 2.

Seaside ass awer méi ewéi nëmmen e Schonggeschäft, et ass eigentlech och eng eege Mark: de gréissten Deel vun de Schong gëtt nämlech a Portugal vun eegenen Designer produzéiert.

Hei erwaarden Iech vill verschidde Modeller un Dammen, Hären a Kannerschong an d’ganzt Joer iwwer super Präisser, besonneg och elo während de Solden!

Duerfir gitt elo séier bei Seaside um Mierscherbierg an am Belval Plaza 2, oder kuckt op seaside.lu