Sport, Spaass a Wuelbefanne bei all Wieder:
Réidener Schwämm
Erlieft matten an der Natur, Sport, Spaass a Wuelbefannen, an dat bei all Wieder!
Fir den Openthalt elo nach méi agreabel ze maachen, presentéiert de Saunaberäich sech elo an engem neie Look, esouwuel vu bannen ewéi vu baussen!
Duerfir kommt dëse Samschde laanscht an entdeckt op der grousser Porte Ouverte de fonkelneie Saunaberäich mat Hammam, Foussbad, Relaxatiounsraum, Sanitäranlagen, a net ze verpassen déi nei Sauna-Bar fir de klengen Honger oder Duuscht zwëschenduerch.
Rendez-vous an der Réidener Schwämm, dëse Samschde vu moies 10 bis owes 6 Auer mat BBQ an enger flotter Ausstellung vun der Firma Maroldt.
Kuckt och elo schonn op reidener-schwemm.lu
Am meeschte gelies