Dag um Bauerenhaff
e Sonnden 10. Juli vun 10 Auer Moies un zu Fluesweiler
E Sonnden, 10.07.16 ass vun 10 Auer un nees den Dag um Bauerenhaff, deen vun der Lëtzebuerger Bauerejugend organiséiert gëtt. Dëst Joer um Betrieb Haas-Van Gelder zu Fluesweiler, wou dir een Abléck an den Alldag um Bauerenhaff kritt. Doniert ginn et Bauere-Produiten ze kafen an ze schmaachen, Informatiounen an Demonstratiounen, Leckeres vum Grill, Animatioune fir Kanner, gesëlleg Musik a villes méi.
Kommt an entdeckt och dir d’Liewe vum Bauer a sengen Déieren. Um Dag um Bauerenhaff e Sonnden vun 10 Auer un zu Fluessweiler bei der Famill Haas-Van Gelder.
Donierft wëll d’LBJ och nach emol fir Petitioun 668 fir méi lëtzebuerger Produiten a Schoulen a Spideeler sensibiliséieren. Gidd dofir op www.chd.lu a kuckt no der Petitioun 668.