an der Goethe Strooss an der Stad an zu Dikkrech

D’Danzschoul Mireille Roulling ,anc. Annette Kohner, ass eng Referenz fir héichwäerteg Couren mat geschoulte Professeren.

Wëllkomm an der Stad souwéi zu Dikkrech si Kanner vun 3 Joer un, Schüler, Singlen a Koppelen.

Léiert klassesch Standard- a lateinamerikanesch Dänz, genee sou wéi Rock’n’Roll, Salsa, Linedance, DiscoFox, Ballet, Jazz-Hip Hop an Contemporain. Ganz nei sin eis Kueren fir Bébé-Danseur mat hiren Elteren!

Jidfereen kann Danze léieren.

Test och eis Fitnesscouren iwwert d’Mëttesstonn.

Kommt och den 04. Februar ob de Premier Bal an de Parc Hotel op Dummeleng.

Info a Brochuren op www.ecole-de-danse.lu.