Dëse Sonndeg:
Fun Meets Energy Day
D'Gemenge Munneref an Duelem invitéieren Iech dëse Sonndeg op de Fun Meets Energy Day, ronderëm déi nei Gemeng zu Munneref.
Moies um 9 Auer geet et lass mat interessanten Theme ronderëm erneierbar Energien, Ëmwelt a Mobilitéit.
Fir de Fun suerge Sprangschlässer a Spiller, an Dir kënnt och Elektro Autoe vun Tesla, BMW, a VW testen, esou wéi E-Bikes, Elektro-Trottinetten a Segwayen.
Verpasst och net vun 9 Auer un d'Vizfest vun de Munnerefer Mais, de grousse Kanner- a Familljefloumaart vun der Union commerciale an um hallwer 12 déi 4. offiziell national Landesgrillmeeschterschaft.
Infoen op mondorf-les-bains.lu
Am meeschte gelies