Seeldanz tëschend fréier an haut

Am Kader vum Welt-Alzheimer-Dag invitéiert d’ALA, dëse Samschden, 24. September 2016, op hire Memory Walk. Dëst Joer zum Thema «Seeldanz tëschent fréier an haut». Lass geet et um 11 Auer op der Place Clairefontaine, mat Informatiounen zum Thema Demenz an den Servicer vun der ala. Fir Animatioun an Iessen ass gesuergt. Wéisst är Solidaritéit andeems mat maacht um Memory Walk selwer. Départ ass ob der Place Clairefontaine um 13h00, 14h30 an 15h30. Den Tour féiert ënner anerem laanscht den „Palais Grand-Ducal“ an enger Visite am „Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg“.

Umellen kënnt dir iech gratis op www.ala.lu oder den Dag selwer sur place.

De Memory Walk e Samschden, 24. September 2016.

Vergiesst net déi, déi vergiessen!