Eng Öko-Tut fir d’ganzt Liewen:
Valorlux
Dir maacht eppes fir d’Ëmwelt, benotzt zanter Joren ëmmer nees Är Valorlux Öko-Tut beim Akafen, a vergiesst se ni?
Mee wat geschitt wann är trei Valorlux Öko-Tut futti ass?
Flécken? Klappt net.
Weiderbenotzen? As leider net méi méiglech.
An d'Poubelle geheien ? Sécher net gutt fir d’Ëmwelt.
Ëmtauschen? Dat ass d’Léisung.
Är futtis Valorlux Öko-Tute kënnt Dir zu all Moment gratis, an alle Geschäfter déi deelhuelen, géint eng nei ëmtauschen. Är al futtis Tut kann esou recycléiert ginn.
Eng Öko-Tut ass fir d’ganzt Liewen.
Zesumme mat Iech beschützt d'Valorlux d’Ëmwelt.
Am meeschte gelies