bis dass de Client zefridden ass...

Den Zammermannbetrieb Goebel et fils vun Dol schafft fräi nom Motto: Wann de Client zefridden ass, eréischt da si mir et och!

E Samschdeg, 15. Oktober 2016, ass vu 14h00 un déi grouss Porte Ouverte wou Der dat neit Gebei wéi och alles vun Holzbau bis Holzfaserdämmung bis bei déi nei Abbundmaschinn presentéiert kritt.

D'Zammermannsaarbechten vu Goebel et Fils gi favoriséiert duerch héichwäerteg oekologesch Dämmstoffer a Materialien. Neitste Maschinne bidden dem Betrieb onbegrenzten Ausféierungsméiglechkeeten a si sinn équipéiert a routinéiert am Abbau vun héichwäertegen Dämmmaterialien.

Rendez-vous dëse Samschdeg, 15. Oktober vu 14h00 un zu Dol bei Goebel et Fils op der grousser Porte Ouverte!