dëse Samschden a Sonnden 22.+ 23.Oktober 2016

Giele Botter, Tëtelbierg, Train 1900, nationale KeelenZenter, PIKO-Schwemm, Velospisten a Fitness-Parcouren... alles daat ass d’ Gemeng Péiteng

Fir dass Dir dëst och alles kënnt kenneléieren, stellt d’Gemeng PEITENG sech fir dëse Samschden a Sonnden, 22.+23. Oktober 2016, ëmmer vun hallwer 3 bis halwer 6 op där grousser PORTE OUVERTE um Site WAX an der Athus’er Strooss zou Péiteng.

Eng Konschtmillen mat Atelier’en, restauréierten Maschinen vu Gëschter, dem rouden Hous mat sengem Musée 9.44, wou ënnert aanerem un d’Liberatioun vun eisem Land errënnert gëtt, engem Touriste-Büro a Bühne fir Live-Optrëtter…mat als Star-Gascht dëse Weekend: de Sergeant WILSON mat senger Army–Show.

Alles dat an nach villes méi gët et an der Péitenger Gemeng ze entdecken, méi Infoen fannt dir op www.petange.lu.