Dir hutt Téitschen am Auto? De Garage Autofabrik debosseléiert all Autos-Marken ouni den Auto brauchen nei ze lackéieren. Esou spuert ee ganz vill Zäit a Suen an et gëtt och kee Risiko fir ee Faarf-Ënnerscheed.

Hutt Dir emol en Autosaccident, dann iwwerhuelen si fir iech dee ganze Volet Assurance a stellen iech direkt en Ersatzauto zur Verfügung.

Och e Steeschlag oder e Rass an der Scheif kann hei mat original Deeler gefléckt oder ersat ginn.

Donieft stinn och Vidange, Revisioun, Montage, Gardiennage, Passage Contrôle Technique an de Verkaf vu Pneuen um Dagesprogramm.

Als Exklusivitéit zu Lëtzebuerg bidden si och de Verkaf an de Montage vu Pedalerie fir Fahrschoul- a Privatautoen un.

Weider Info op autofabrik.lu