De GARAGE MICHELS besteet elo schonns zanter 49 Joer a verkeeft zanter 43 Joer d’Mark Nissan.

De Familljebetrib an der 3. Generatioun ass de Spezialist an de Beräicher Mécanique, Carosserie a Lavage Professionnel a geschwënn och fir de Contrôle Technique.

Nieft dem Verkaf vun der Mark NISSAN fannt Dir am Garage Michels och Occasiounen a Joresween vun alle Marken.

Donieft kënnt dir hei direkt sur Place e Kredit ufroen an och fir de Service Immatriculation  stinn si Iech gär zur Verfügung.

Als Member vum Groupement 1, 2, 3 AUTOSERVICE kritt dir hei e Service fir all Marken ouni Verloscht vun der Wierksgarantie.

Kommt elo an de Garage Michels op Klierf a loosst iech op 8 verschidde Sprooche beroden. Kuckt och op garagemichels.lu