
© Unreife grüne Orange im orangefarbenen Netz (links) und hinter einem sogenannten „Munker-Netz“ (rechts). Fotos: Karl R. Gegenfurtner
Hutt der iech nach ni gefrot, firwat bestëmmten Uebstzorten a faarweg Filete verpaakt ginn? Dohannert stécht e Marketing Trick, wéi eng Etüde elo rezent erausfonnt huet.
Zitrusfriichte sinn dacks a gielen, gréngen oder och orange Filete verpaakt an zwar an deene Faarwe, vun de perfekten Exemplaire vun hirer Zort. De Grond ass e wëssenschaftleche Phenomen, deen sech och Konfetti-Illusioun nennt an als Faarf-Assimilatioun bekannt ass.
Dobäi iwwerhuelen d'Objeten dann de Faarftoun vun de Linnen, déi driwwer leien. De Perceptiouns-Psycholog Professer Karl Gegenfurtner vun der Justus-Liebig-Universitéit vu Leipzig, huet deen Effekt viru kuerzem an der Fachzeitung "i-Perception" beschriwwen. Hei gouf sech an éischter Linn mat der visueller Perceptioun an der Faarffuerschung beschäftegt. Basis fir d'Etüd war awer eng privat Erfarung vum Fuerscher. Wéi en seng Orangen doheem aus dem Filet geholl hat, ass em opgefall, dass déi éischter nach gréng waren an net orange. Engersäits huet en d'Perceptioun vun der Faarf op eng Liichtspiggelung tëscht Netz a Fruucht zeréckgefouert, déi d'Faarfsättegung vun der Orange erhéicht, en huet awer och eng optesch Illusioun konnte feststellen, wéi en d'Zeenerie virtuell nogestallt huet an iwwert eng Foto vun enger méi grénger Orange, orange-faarweg Linnen geluecht huet. De Professer huet gemierkt, dass de grénge Faarftoun duerch d'Munker-Netz bal komplett verschwënnt an d'Faarf vun der Fruucht sech dem Netz upasst.
De Phenomen ass als Munker-Illusioun bekannt, déi 1970 eng éischte Kéier vum David Munker beschriwwe gouf?
Dat ass eng Illusioun déi aus dräi Elementer besteet: Eng oder méi Grondfaarwen, eng bestëmmte Form déi ëmmer déi selwecht Faarf huet an dann horizontal oder vertikal Linnen déi sech iwwert d'Bild zéien. Als Bild huet de Fuerscher déi dräi Begrënner vun der trichromatescher Faarftheorie geholl - Hermann von Helmholtz, James Clerk Maxwell an Thomas Young. Hir Gesiichter hunn zwar déi selwecht Faarf, wierken awer duerch d'Sträifmusteren, déi driwwer leie, komplett ënnerschiddlech, sief et vun der Faarf, awer och vun der Hellegkeet hier. Fir et an de Wieder vum Professer Gegenfurtner auszedrécken, ass dat Ganzt "eng grouss Freed fir de Faarffuerscher, awer en traurege Moment fir de Verbraucher."
Den Effekt vun der Konfetti Illusioun kënnt der iech op rtl.lu op de Fotoen ukucken.
Wahrnehmungstäuschung im Supermarkt

© Version der Konfetti-Illusion mit den Gesichtern von Helmholtz (links), Clerk (Mitte) und Young (rechts). Die überlagerten Streifen vermitteln einen unterschiedlichen Farbeindruck der vier jeweils gleichfarbigen Gesichter © Karl Gegenfurt/Justus Liebig Universität