
© Note Thanun on Unsplash
Fir Bicher, Hefter, an och nach d'Schmierekëscht ze transportéieren, ass e Schoulsak wichteg. Vill Kanner hu bestëmmt och schonn hiren neie Rucksak, oder Posch, fir wann et elo gläich nees lass geet. Dacks sinn se zwar immens schéin am modernsten Design, mee si se wierklech gutt fir de Réck a fir d'Muskelen?
Wichteg ass hei nämlech net nëmmen de richtege Schoulsak, ma och wéi e gedroe gëtt. D'Struktur vun de Schanken ass bei de Kanner nach vill méi mëll wéi bei den Erwuessenen an a schlëmmste Fäll kann et zu Verformungen oder och Krëmmunge vun der Wierbelsail kommen. Wann e Kand ëmmer nees de Réck wéi huet, kann dat e Warnsignal sinn. Wat ass dann de bessere Choix, de Rucksak fir op de Réck, oder den Trolley fir nozezéien? D'Osteopathin Christine Vandoorne erkläert:
Les deux ont leurs avantages et inconvénients. Pour ce qui est le cartable, porté sur les deux épaules, il est porté de façon symétrique, donc avec une meilleure répartition des charges sur la colonne. Il respecte aussi une meilleure coordination des mouvements, puisque l'enfant a ses membres superieurs et inferieurs qui sont libres. Pour ce qui est du trolley, il est très intéressant en cas de charge lourde à transporter sur de plus longues distances.
Fir den alldeegleche Wee an d'Schoul, sollen déi kleng Butzen och net méi Bicher a Schoulmaterial mat ronderëm schleefe, wéi dat, wat se och wierklech brauchen. Dat sollen an der Reegel net méi wéi 10% vun hirem eegene Kierpergewiicht sinn. Bei enger méi héijer Belaaschtung kann dat zum Problem ginn:
Les conséquences d'une charge trop lourde quotidienne, sont des douleurs lombaires, dorsales ou cervicales avec des troubles de la posture. En résumé, le cartable est recommandé si la charge est moyenne, sur des distances plus courtes, ou avec des dénivelés sur le parcours. Le trolley plutôt sera privilégié pour des charges plus lourdes sur de plus longues distances.
Fir e gesonden a riichte Réck ass och de richtege Sëtz vum Rucksak decisiv. Hei sollt de Schwéierpunkt no um Kierper sinn an de Schoulsak iwwer déi zwee Schëllerblieder gedroe ginn fir eng eesäiteg Belaaschtung z'evitéieren. Och e Beckegurt um Rucksak verhëlleft hei fir d'Kraaft besser ze verdeelen. Dofir sinn och Poschen, déi an enger Hand gedroe ginn an eng eesäiteg Belaaschtung fuerderen, net ideal.