
© FX Productions, Super Frog
D'Serie, déi mir iech haut virstellen, huet schonn 92 Präisser gewonnen, dorënner 21 Emmyen, 4 dovu bei den Emmyen 2024, wat d'Qualitéit vun der Hulu-Produktioun ënnersträicht. 3 Staffele kann ee scho vu "The Bear" op Disney+ streamen.
Et handelt sech ëm eng psychologesch Komedie-Drama-Serie, déi virun allem an engem Restaurant spillt. An der 1. Staffel ass et awer nach e Fast-Food-Sandwich-Restaurant zu Chicago mam Numm "Beef". Kuckt hei den Trailer vun der éischter Staffel:
De begaabte Kach Carmen Bear, deen a renomméierte Kiche geschafft huet, iwwerhëlt de Restaurant vu sengem verstuerwene Brudder, fir en ze retten. Dat féiert zu Stress, Sträit a witzegen Zeenen. D'Personal ass zum Beispill net esou ausgebilt, wéi hien dat aus enger Stäre- Kiche kennt. Déi Mëschung mécht d'Stäerkt vun der Serie aus: et huet ee witzeg Zeenen, mä och vill traureg, mënschlech Momenter, d'Liewen zu Chicago gëtt duergestallt, et sinn interessant Charakteren, déi all eng speziell Geschicht hunn an eng Entwécklung matmaachen - an dat beréiert ee komplett.
Besonnesch u The Bear ass och d'Aart wéi gedréit gëtt, et gëtt mat villen Noopname vun de Gesiichter geschafft, wouduerch d'Emotioune verstäerkt ginn. Gläichzäiteg huet een e Wiessel vun hekteschen, chaoteschen Episoden, déi d'Schaffen an enger Kichen authentesch duerstelle sollen, mat rouegen Episoden, an deene bal keng Wierder gebraucht ginn, mä d'Musek, d'Zesummeschneide vun de Biller an déi staark schauspilleresch Leeschtunge ginn duer, fir den Zuschauer an de Bann ze zéien.
The Bear ass eng vun de beschte Serië vun de leschte Joren, déi ee sech net entgoe loosse soll. Et brauch ee just en Disney+-Abonnement.
Vill Spaass beim Kucken.