
© RTL
Castingshowen gëtt et der vill. Do sëtzen e puer Jurysmemberen zesummen a lauschteren gespaant de Kandidaten no. Bei der neier Sendung 'The Piano' déi den Owend um véierel op 8 bei Vox uleeft ass dat aneschter. Hei geet et - wéi de Numm et schonn seet - net ëm déi mënschlech Stëmm mee ëm de Kinnek vun de Musikinstrumenter. An zwee déi selwer ganz gutt mam Piano ëmgoe kënnen, sinn den international renomméierten Pianist Igor Levit an de Sänger Marc Forster.
Déi zwee Museker sëtzen och net wéi an engem klasseschen Castingformat virun de Kandidaten, mee si sinn verstoppt. Stellt Iech fir, et ass wéi an der Stad bei 'my urban piano' just dass do nach zwee Museksproffen hiert geschoulten Ouer drop halen.

© RTL / Hendrik Lüders
An e klenge Virgeschmaach aus der Sendung hu mer och schonn