
© Patrick Greis
Beim Biggi Lechtermann stoung d'Wéi vum Succès zu Lëtzebuerg. An der Villa Louvigny huet, fir déi jonk Fra vu Gütersloh, eng grouss Karriär an de Medien ugefaange. An dunn goung et Schlag op Schlag. '12 Uhr Mittags' mam Hugo Egon Balder, den Owesprogramm op RTL plus ier se bei d'ZDF gewiesselt ass, an do Kannersendungen wéi '1, 2 oder 3', technesch Emissiounen wéi de 'Computer Corner' oder Gesondheetssendungen animéiert huet. Am 'Café des artistes' am Gronn huet si dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt dass et och ëmmer nees Iwwerraschungen bei de LIVE-Sendungen gouf. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt d'Biggi Lechtermann, dass si eng zweete Kéier vun enger verstoppter Kamera erageluecht gouf, an déi Kéier op enger Hochzäit. Mir ginn gewuer wéi eng Emissiounen se leider ni ze moderéiere krut an och si muss sech entscheeden am Mike senger Rubrik 'léiwer oder léiwer'.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.