D'Animatrice Biggi Lechtermann, déi bei 'Radio Luxemburg' ugefaangen huet, ier hire Wee bei RTL plus, ZDF awer och VOX gefouert huet, weess dass si Lëtzebuerg vill ze verdanken huet. Hei huet se schliisslech och hire spéidere Mann Willy Knupp kennegeléiert, deen laang Joren d'Formel 1 op RTL plus kommentéiert huet. Se huet eng Duechter an ass zanter Oktober d'lescht Joer frësch bestuet. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung et och ëm eng Fal bei 'Verstehen Sie Spass!". Piano: Marc Schmidt

13-09-2024 RTL-Afterwork: mam Biggi Lechtermann (Freideg)

Muer géint 17h10 zielt d'Biggi Lechtermann iwwer hiren 'Hole in one'. Mir ginn gewuer, op si interesséiert wier, fir Politik ze maachen an héieren firwat si der Sendung 'Let's dance' e Kuerf ginn huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.