
© Patrick Greis
Mat 69 Joer kann de Jean-Claude Juncker op en erfëllten politescht Liewen zréckkucken. De Réidener huet vun 1995 bis 2013 als Premier d'Geschécker vum Land geleet an duerno war hien och nach vun 2014 bis 2019 Europäeschen Kommissiounspresident. Wat sinn seng Hobbyen, wéi kuckt en zréck op Meetingen mat Kohl, Trump, Putin a Mario Barth a wéi kritt hien seng Zäit elo ëm?
Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verréit hien awer och wat hien wärend der Schoulzäit schonn op d'Schinn gesat huet a firwat hien net gutt op déi englesch Press ze schwätzen ass. Piano: Marc Schmidt
16-09-2024 RTL-Afterwork: mam Jean-Claude Juncker (Méindeg)
Muer géint 17h10 zielt de Jean-Claude Juncker iwwer déi englesch Sun a Cognac, Affären déi him ugedicht goufen a mir ginn méi iwwer seng Muppen gewuer, vun deenen een e schwaarzen Hond war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.
Am meeschte gelies