
© Patrick Greis
De Rainer Schanz ass e Bodyguard an zielt wéi et ass, säi Liewen ze riskéieren un der Säit vun engem Gerhard Schröder, Helmut Kohl oder der Angela Merkel. Hie war derbäi, beim leschten Agentenaustausch op der Glienicker Brücke oder wéi de Willy Brandt nom Mauerfall beim Brandenburger Tor eng Tréin verdréckt huet. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et mam Auteur vum Buch: 'Der Mann der aus dem Schatten kommt' awer och ëm Privates an dass hien et mat der Trei net ëmmer sou eescht geholl huet.
Piano: Marc Schmidt
23-09-2024 RTL-Afterwork: mam Rainer Schanz (Méindeg)
Muer géint 17h15 zielt de Rainer Schanz firwat e bei d'Police gaangen ass. Hie verréit wat géint den SEK a fir de Personenschutz geschwat huet a mir héiere wéi séier een als Bodyguard mat der Schosswaff muss sinn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.
Am meeschte gelies