Back on the 80 and 90's heescht et nees déi nächst 4 Méint am Kinepolis, Belval a Kierchbierg.  Programméiert si ''Back to the future'', ''Grease'' an ''Home alone'' an den Optakt mécht elo dëse Mount de Film ''Top Gun''.

1986 koum den amerikanesche Film an eis Kinoen an huet den Tom Cruise ganz no vir katapultéiert an der Akteursliga. En plus war de Film eng gutt Reklamm fir den US-Verdeegegungsministär, deen de Film och finanziell a logistesch ënnerstëtzt huet. De Cruise spillt de Pete Mitchell, genannt Maverick, e Kampfpilot bei der Navy, deem säi Papp am Vietnamkrich ofgeschoss gouf. Bei der Eliten-Ausbildung an der United States Navy Fighter Weapons School, genannt Top Gun, trëfft hien net just op Konkurrente ma och op eng interessant Fra.

Ënnerluecht mat cooler Musek vum Kenny Loggins a Berlin, war de Film e mega Succès. Den Titel ''Take my breath away'' konnt esouguer en Oscar a Golden Globe gewannen. De Succès vum Film war esou grouss, datt ëmmer vun engem 2. Deel geschwat gouf. Dee koum och, endlech virun 2 Joer an eis Kinoen, nees mam Tom Cruise an der Haaptroll, deen och nees begeeschtere konnt..

Den 1. Deel, also deen aus den 80er dee leeft de Samschden am Kinepolis Belval a Kierchbierg.