De September ass dee Mount, wou d'Saison ännert, a wou och am Gaart vill Aarbechten ufalen. Eisen Expert Jeannot Lacour begleet eis d'ganzt Joer erduerch, a weess wéini muss gegruewen oder geplanzt ginn, a wéini een vun de Friichten vun der Aarbecht profitéieren kann.

De September ass och dee Mount, wou ech soll schonn an d'Zukunft kucken, dat heescht Enn Mäerz bis Enn Abrëll, fir do e bësschen Faarf an de Gaart ze kréien, ëm Ouschteren zum Beispill wéi d'Tulpen, Ouschterblummen, Krokussen asw. Dat sinn alles Knolleplanzen an déi mussen elo an de Buedem well se eng gewëss Fraschtperiod brauchen, fir dass se och um richtegen Zäitpunkt dann bléien. Wat am Geméisgaart sou lo nach lass ass, wat elo nach do steet, muss een oppassen op déi Zorten déi kee Frascht verdroen.

Jeannot Lacour - Weichen am Gaart stellen

Temperaturen spillen eng grouss Roll fir déi Planzen déi mer nach dobaussen hunn.

Mir haten jo elo Nuechten, déi net sou waarm waren. Mir waren net wäit vun de 0 Grad, mir waren awer nach net drënner, mee sollt et souwäit kommen, da muss ech déi verschidden Geméiszorten wéi Tomaten, Zucchini oder Kürbissen, déi de Frascht net sou gär hunn, zoudecken. Gëtt et extremen Frascht, wat ech elo net hoffen, a net mengen am September an Oktober, da muss ech se plécken a kucken dass se op der Fënsterbänk zeideg ginn.

Jeannot Lacour - kal Nuechten