An all Himmelsrichtung ass dëse Weekend eng lass.

14/09/2024 Weekend-Agenda

Zum Beispill haut a muer op der Musel um Riesling Open. Zu Éinen, Wuermer, Ohn a Meechtem invitéieren am ganze 16 Wënzer an hir Kellereie fir hire Wäin ze schmaachen. Et fueren Navetten, grad ewéi d'Marie-Astrid.

Dann ass dëse Weekend och d'Butschebuerger Buergfest, presentéiert vun der Stad Diddeleng. Mat iwwer 90 Stänn, Ritter-Turnéier, an ënner anerem enger spektakulärer Feiershow ass et dat gréisste Mëttelalterfest an der Groussregioun.

Kiermesweekend heescht et zu Leideleng haut a muer. Haut sinn ënner anerem den Hoffi an d'Sandy Botsch am Asaz. A muer kënne sech d'Kanner um Kids Action Parcours ameséieren. Den Entrée ass fräi an d'Navette kaschten och näischt fir op Leideleng.

Erop an der Norden op d'Streetfest Ettelbrooklyn, natierlech zu Ettelbréck. Haut ginn eng helle Wull Attraktioune queesch duerch d'Stad ugebueden an d'Veräiner vun Ettelbréck suergen dofir datt keen hongreg Heem geet.

Muer ass dann zu Recke bei Miersch de Konschthandwierkermaart, organiséiert vum Dëschtennis Recken/Miersch. Op ronn 120 Stänn fënnt een alles vu Molerei iwwer Bijouen a Kreatioune aus Holz, Metall, Glas, Toun. De Konschthandwierkermaart zu Recke bei Miersch fänkt muer de Moien um 10:00 un.

An da gëtt et nach sportlech zu Déifferdeng. Um Steelrun kann een Déifferdeng op eng ganz aner Manéier kenneléieren a beim iRun geet et ëm Inclusioun. Mëttes um 14:00 ass dann och nach d'Course mat de Seefekëschten an op der Maartplaz heescht et "en Dag wéi fréier".