
© Patrick Greis
Weltwäit ass de Jean-Claude Juncker bekannt als Politiker mat der spatzer Zong. Et gëtt bal keen Präis deen hien net huet, vum 'Cicero-Riednerpräis' iwwer d'Goldene Ente. 2004 krut hien d''Goldenes Schlitzohr' oder 2013 d''Grosskreuz des Erlösers', den héchsten Uerden deen een a Griicheland kréie kann. Am 'Café des artistes' gouf et vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten Froen iwwer Froen un den iwwerzeegten Europäer. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt de Jean-Claude Juncker dass hien Musek am Blutt huet an all Joer beim Stangelwirt als Dirigent fungéiert. Mir héieren firwat hien näischt iwwer seng Virgänger a Nofollger seet a mir ginn gewuer, firwat den Trump eng Bees krut, obwuel hien keng verdéngt hat, net wéi aner Politiker déi him um Häerz leien.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.