De Jean-Claude Juncker huet zwar eng Maîtrise am Droit mee en huet awer ni als Affekot geschafft. Mat 28 Joer ass hien Staatssekretär ginn fir Aarbecht a sozial Sécherheet an der Regierung Werner-Thorn-Flesch an 1984 war hien eng éischte Kéier Minister an zoustänneg fir d'Aarbecht an de Budget. Nodeems de Jacques Santer Kommissiounspresident ginn ass, huet hien de Staatsministère iwwerholl. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och nach eng aner Parallel zu sengem Virgänger fonnt. 
Piano: Marc Schmidt

18-09-2024 RTL-Afterwork: mam Jean-Claude Juncker (Mëttwoch)

Muer géint 17h10 zielt de Jean-Claude Juncker wéi dat wierklech war bei senger Visitt am Wäissen Haus beim Trump. Et geet ëm eng Entrevue mam Putin a Merkel wou déi däitsch Bundeskanzlerin aus der Këscht gesprongen ass, a mir héieren wéi gutt d'Relatioun vum JCJ mam Putin an der Zäit war wou si sech och privat gesinn hunn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.