Denkt een un de Jean-Claude Juncker, da kommen engem automatesch e puer Biller an de Kapp. De fréieren Premier an Ex-Präsident vun der Europäescher Kommissioun, deen och vun 2005 bis 2013 Chef vum Euro-Grupp war, gëtt net midd fir Europa a seng Wäerter anzetrieden a verdeedegt se op all Bün, an all Zeitung, virum Mikro oder der Kamera. Am 'Café des artistes' am Gronn versichen den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och e puer Hannergrënn vu groussen Evenementer gewuer ze ginn. Piano: Marc Schmidt

19-09-2024 RTL-Afterwork: mam Jean-Claude Juncker (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Jean-Claude Juncker firwat Putin an Trump senger Meenung no sou sinn wéi se sinn, an zum Deel gedréit hunn. Rieds geet vun der Zeen, wou hien den Orban mat 'Dictator' bezeechent hat, an hien verréit wat hien a senger laanger Karriär bereit.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.