De Jean-Claude Juncker ass gläichermoossen beléift a gefaart wéinst senge spatzen a pointéierten Remarken. Wann hien eppes seet bleift dat hänken. Hien gehéiert net zu deene glaten mee seet seng Meenung, och wann se emol onbequeem ass, an hien bei deem engen oder aneren uneckt. Am 'Café des artistes' huet hien sech och méi privat gewisen als politeschen Pensionär, an den Dan Spogen, Raoul Rooos, Mike Fandel an d'Shari Schenten waren och interesséiert wéi en Trump, Orban, Erdogan a Putin da wierklech sinn. Piano: Marc Schmidt

20-09-2024 RTL-Afterwork: mam Jean-Claude Juncker (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt de Jean-Claude Juncker dass hien schonn laang net méi fëmmt. Mir ginn gewuer wéi hien relaxt, Et geet ëm de Führerschäin an RTL.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.