
© Patrick Greis
De Jean-Claude Juncker ass gewinnt d'Haaptroll ze hunn, egal op an engem Meeting zu Bréissel oder op der Weltbün. Hien stoung jorelaang an der éischter Rei bei de grousse Sommeten an huet sech mat de Staatscheffen vun der Welt ausgetosch. Am 'Café des artistes' am Gronn haten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten déi grouss Chance sech 1 Stonn mat him z'ënnerhalen an hu versicht alles iwwer dee Mann gewuer ze ginn, deen et vum einfachen Deputéierten, bis zum Europäeschen Kommissiounspresident bruecht hat. Piano: Marc Schmidt
21-09-2024 RTL-Afterwork: mam Jean-Claude Juncker (Samschdeg)
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Rainer Schanz. Hien ass pensionéierten Bodyguard an zielt wéi et ass un der Säit vun engem Gerhard Schröder, Angela Merkel oder Willy Brandt, mat deem hien zu Berlin beim Brandenburger Tor war, den Dag nodeems d'Mauer gefall ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen a ganz nei, sonndes tëscht 12 an 13 hei um Radio.
Am meeschte gelies