Et war de Boxmatch vum Joer an Däitschland. De Stefan Raab géint d'Regina Halmich. D'Soirée zu Düsseldorf viru 14.000 Leit war grouss ugekënnegt ginn a ronderëm sinn vill Spekulatiounen zirkuléiert. Kënnt en iwwerhapt, wéi gesäit en aus, packt en déi 6 Ronnen a wéi geet et mat him a senger Karriär weider? De 'CLARK FINAL FIGHT' huet déi aner däitsch Chaînen am Schied stoe gelooss mat Quoten vu bis zu 7,54 Mio huet de Spektakel Ausmoossen vun engem Fussballmatch ugeholl.

Comeback SR - Boxmatch
RTL

© Raab Entertainment / Willi Weber

An direkt nom Match deen de Raab no Punkten verluer huet, koum déi alles entscheedend Fro?

Comeback SR - ich mach wieder Shows
RTL

© Raab Entertainment / Willi Weber

Dëse Mëttwoch um 20h10 geet et schonn lass. Da klëmmt de Raab nees an de Ring wann ee sou wëll. Hien wëll et wëssen a presentéiert seng nei Show iwwer 90 Minutten wou et 1 Mio Euro ze gewanne gëtt, fir deen, deen him d'Waasser reeche kann an alles gewënnt. Huet hien an der TV Landschaft gefeelt, ass et gutt dass hien nees do ass, kuckt dir eran elo wou hien zréck ass?

Comeback SR - kuckt dir