
Wien léisst sou eppes kal, wann een an der Vakanz op en Hond stéisst, dee een mat sengen léiwen Aen ganz traureg ukuckt, a méi wéi een bréngt et dann net iwwer d'Haerz d'Déier aus der Vakanz mat Heem ze huelen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth, kennt masseg sou Fäll, a beschreift eis haut emol een deen bei si an d'Praxis koum.
Dat klengt Mary, eng krauseleg gro-beige Muppemëschung aus enger Opfänkstatioun op Zypern, hat eng Bëmmelchen matten um Bauch: ee Nuebelbroch. Well de Mippchen awer nach ganz jonk war, an de Broch nach sou kleng wéi eng Ierz war, gouf senge Leit am Ufank emol geroden, d´Saach gutt am A ze behalen mee sech ze mellen wann sech iergend eppes verännere géif. E puer Wochen dono war dat dunn de Fall, vun der Gréisst vun enger méi grousser Ierz, hat dem Mippchen säi Nuebelbroch sech op eemol op eng Bommel sou grouss wéi eng Käscht vergréissert.
An da kann aus engem Broch emol eng ganz komplizéiert a schlëmm Geschicht ginn!
Virun allem, well an der tëscht mat engem Blutttest, wéinst enger uerger Modaarmgripp och fonnt gi war, dass dat klengt Muppemeedchen héich Wäerter op 'Ehrlichios' an 'Anaplasmos' hat, sou genannt Vecteurs-Kränkten, déi fir Honn aus där Géigend keng rar Diagnose sinn. Obwuel d´Mary no enger laanger Behandlung mat speziellem Antibiotik nees gefriess, verdaut a gespillt huet wéi wann näischt wier, hate seng Meeschteren elo Angscht, dass sech awer en Deel Daarm an dee Broch quëtschen an hatt domat an eng ganz akut, carrement liewensgeféierlech Noutlag komme kënnt.