
© Patrick Greis
Sou wéi d'Schoulkanner hier Aufgaben an en Agenda aschreiwen, sou erënnert eise Gaardenexpert eis reegelméisseg un all déi Aarbechten, déi an d'Saison passen, an déi nach ufalen. Aktuell muss ee schonn un dat nächst Fréijoer denken a kucken, dass d'Knollen an de Buedem komme fir dass et nom Wanter nees schéin faarweg gëtt. Awer och um Wues kann ee schaffen.
Ech kann de Wues vertikutéieren. Et mengt een ëmmer, dat misst am Fréijoer sinn. Nee dat kann roueg am Mount September gemaach ginn. E soll dann och gedüngt gi mat engem Hierschtdünger, e Wuesdünger, net iergend een Dünger, fir de Wues ze stäerken, fir dass en och gutt iwwer de Wanter kënnt. Alles wat Stauden, Gestrëpps oder Gesträich sinn, kann ech schneiden. Bei de Staude kann ech vläicht waarden, bis dass se wieleg si fir dass d'Kraaft och erëm an d'Wuerzel geet, an dass se d'nächst Joer och erëm schéin zréck kommen. Alles wat de Summer iwwer geblitt huet beim Gestrëpps kann ech elo schneiden, och wann d'Blieder nach net ganz erof sinn, dat ass guer kee Problem.
A fir dass engem d'Zäit bei der Gaardenaarbecht net laang gëtt, huet de 'Grénge Jeannot' nach eng Iddi.
Wëll ech nach e bësse Faarf am Gaart am Hierscht, da kann ech mer elo Chrysanthemen oder Astere setzen. Do gëtt et jo eng Hellewull vu Faarwen, fir dass ech den Hierscht och nach e bësschen Frëndlechkeet a Faarf am Gaart hunn.