
© RTL / Stephan Pick
Vun haut un geet d'Sich nees lass. 'Deutschland sucht den Superstar' geet an eng nei Ronn. Mat engem neie Jury a neie Reegelen. Awer eent nom aneren. 10.000 Kandidaturen krute se fir déi 21t Staffel eran, de Succès bleift also ongebrach. An deen éischte Bléck deen d'Kandidaten hunn ass natierlech deen op de Jury, zu deem och d'Beatrice Egli gehéiert. Et dierf een eent net vergiessen, dass d'Show fir hatt en Trampolin fir eng grouss Karriär war.

© RTL / Stephan Pick

© RTL / Stephan Pick
E neit Gesiicht ass d'Rapperin Loredana, déi awer séier Uschloss bei deenen anere Memberen fonnt hat.

© RTL / Stephan Pick
Fir de Pietro Lombardi ass d'Jurysaarbecht keng onbekannt, an hien freet sech drop dass et nees lass geet.
De Chef vum Jury ass méi wéi motivéiert, a freet sech dass seng al Iddi endlech duerchgaangen ass, den Alterslimitt falen ze loossen an d'Bandbreet méi grouss ze maachen.