Back to the 80&90's heescht et den 21. a 23. November nees am Kinepolis Kierchbierg a Belval. An dëse Mount ass et e Film, deen um Enn vun den 1970er erauskoum an d'80er Jore markéiert huet: Grease.

D'Geschicht hëlt eis mat an den 1950er Joren zréck an d'Haaptrolle spillen den John Travolta an d'Olivia Newton-John. Grease war als alleréischt e Musical, dat och mat immens vill Succès gelaf ass. De Film sollt alles iwwertreffen. D'Geschicht: 2 Teenien, déi sech an der Vakanz kenne léieren an anenee verléiwen an dann an der Schoul openee stoussen an do ass alles anescht. Zum Succès vum Film haten och déi vill Danzzeenen a virun allem de Soundtrack bäigedroen.

1982 gouf Grease 2 realiséiert, awer mat 2 aneren Haaptacteuren an dee Film konnt net un de Succès vum 1. Grease erukommen. Et leeft och Grease 1 elo den 21. an 23. November am Kinepolis Belval a Kierchbierg.