Back to the 80&90's, dës Kéier weise Kinepolis Belval a Kierchbierg ''Home alone''. Den 12. a 14. Dezember kann een de beléifte Chrëschtdagsklassiker kucke goe fir sech op déi schéinsten Zäit vum Joer anzestëmmen. 1990 gouf Kevin - Allein zu Haus realiséiert.

De Kevin gouf vum Macaulay Culkin verkierpert an dee gouf domadder an déi iewescht Liga vu Kannerstare katapultéiert.  D'Story vum Film: De Kevin huet 8 Joer an ass dee Jéngste vu 5 Kanner. Wéi déi ganz Famill an Hektik opbrécht fir an d'Chrëschtvakanz, gëtt am ganzen Tumult de Kevin vergiess. Dat fält awer net direkt op, esou datt dee Kevin Chrëschtdag eleng doheem feiert an d'Haus och nach géint Gangstere verdeedege muss.

De Film hat en immense Succès, esou datt nach e puer Filmer nokoumen, wéi Home alone 2: Lost in New York. Do war och nach emol de Macaulay Culkin mat vun der Partie. Bei den anere Filmer wéi  Home alone 3 a 4 an Home Sweet Home alone, war dat awer net méi de Fall.

Et ass dann och den éischten Deel vun Home alone, deen elo dëse Mount den 12. a 14. Dezember am Kinepolis Kierchbierg a Belval gewise gëtt.