
© Patrick Greis
E Flashback op d'Visitt vum Poopst mat engem deen no drun war, d'Haaptactrice vun der Sendung 'Alles was zählt', 'Cornhole', e Sport deen och zu Lëtzebuerg ëmmer méi zouhëlt an Jupiter Jones déi op Diddeleng kommen. Mam Marc Schoentgen, Tatjana Clasing, Jacques Federspiel an dem Sänger a Gittarist vun der Band aus der Eifel, hat den Dan Spogen gëschter genuch Gespréichsstoff

De Fotograf Marc Schoentgen huet en Donneschdeg dem Poopst säin neit Buch an d'Hand gedréckt. Heiranner geet et ëm d'Geschicht vum Votivaltoer deen all Joer wärend der Oktav an der Kathedral ze gesinn ass.


D'Actrice Tatjana Clasing huet no 18 Joer 'Alles was zählt' nach ëmmer grousse Spaass un hirer Roll, dobäi kann een si och reegelméisseg an anere Formater entdecken, an hir Villsäitegkeet als Schauspillerin bewonneren.


De Jacques Federspiel stellt eis d'Reegelen vum Cornhole vir. Dëse Weekend ass an de Caves du Sud zu Remerschen en internationalen Tournoi, wou 10 vun de beschte Spiller aus Europa sech matenaner moossen.


© JANISHINZFOTOGRAFIE
Jupiter Jones hunn en Donneschdeg Loscht op e gemittleche Concert zu Diddeleng. Den 3ten Oktober sinn si 'Opderschmelz'. Um Programm Lidder aus 21 Joer déi ënnert d'Haut ginn. Zwou Gittaren, ee Piano a fäerdeg.
